Go to content

Theater Federatioun

logo
frdeen

Young audience

Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster (CCRN)

BIMBO THEATER

Pit Vinandy
Eng Bommenhex Nummer 6

Am Schlass ass eng Bomm verstoppt! Di 2 geckeg Zaldote sollen d’Bomm an de Bommeleeër ausfënneg maachen. D’Hex Nummer 6, déi sech anscheinend gutt mat Bommen auskennt soll hinnen op d’Spuer hëllefen. De Verdacht fällt op den Haus-Pianist Zamponi! Schlussendlech geléngt et dem Bimbo an dem Draach Kraach de Fall ze léisen.

E lëschtegt Stéck vum Angie Thilges an der Traditioun vum gudden ale Bimbo Theater.

10 Joër Bimbo Theater!

De Bimbo ass erëm do! huet et geheescht. Laang Zäit wor e verschwonnen, de Bimbo Theater, bis en dunn am Joer 2000 erëm opgedaucht ass. An Zesummenaarbecht mam Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg hunn d’Angie Schneider an de Pit Vinandy den Theater, dee während 30 Joer zu Lëtzebuerg Traditioun wor, erëm an d‘Liewe geruff.
D‘Noriicht huet sech schnell verbreet, an esou wore vun Ufank un all d’Virstellungen ausverkaaft. Vum Geschichtsmusée goung et an de Casino op Bouneweg, an 2009 ass de Bimbo a seng Kollege fir d’éischt am Sall Robert Kriebs vun der Abtei Neimënster opgetrueden. Och dëst Joer dreiwen déi wibbeleg Marionetten aus de 50’er hiert Onwiesen an dësem exzeptionnelle Kader.

Organiséiert vun Sandman Productions a Kollaboratioun mam Kulturrzentrum Abtei Neimënster (CCRN).

Réservations

T (352) 47 08 951
F (352) 47 08 95 95

@ ticketlu@pt.lu

www.luxembourgticket.lu

Lieu

Centre culturel de rencontre
Abbaye de Neumünster (CCRN)
28, rue Münster
L-2160 Luxembourg
T (352) 26 20 521
F (352) 26 20 19 80
contact@ccrn.lu
www.ccrn.lu

Représentations
Tue 9 Feb 2010 16:00
Sun 7 Feb 2010 16:00
Tue 2 Feb 2010 16:00
Sun 31 Jan 2010 16:00
Sat 30 Jan 2010 16:00
Distribution