Spektakel Asbl & Thé Citron Asbl
Oder firwat d’Frae méi al ginn ewéi d’Männer
Solo fir e béist Meedchen
CROQUE MËSSIÖ ass eng Ofrechnung. Eng Fra am beschten Alter brécht äus a leeft fort. Oder besser, se reit fort, a mer fannen s’op enger Plaz erëm wou doutsécher kee se siche geet.
Firwat mécht se dat ? Déi Fra seet vu sech selwer, se wier e « Béist Meedchen », eent wat vill erlieft huet, a wat sech ëmmer gewiert huet, esougutt et ebe konnt. Hir Verhältnisser zu de Männer waren ni langweileg, a se hunn och ni laang gedauert. Well dat « Béist Meedchen » ass eng Fra déi sech konsequent ass. Wann et net klappt, dann huet alles ke Wäert, dann ass et besser et mécht ee Schluss. Definitiv !
Wéi wäit dat ka féieren, dat séngt a verzielt d’Michèle Turpel an enger One-Woman-Show am Inouï zu Réiden.
Photo: Jeanne Wallenborn
T (352) 26 620 231
@ inoui@pt.lu
www.inoui.lu
L'Inouï (Café-Théâtre zu Réiden-Atert)
67, Grand Rue
L-8510 Redange
Luxembourg
T (352) 26 620 231
F (352) 26 620 232
inoui@pt.lu
www.inoui.lu
| Sat | 20 Mar 2010 | 20:30 |
| Fri | 19 Mar 2010 | 20:30 |
| Thu | 18 Mar 2010 | 20:30 |
| Wed | 17 Mar 2010 | 20:30 |
| Tue | 16 Mar 2010 | 20:30 |
| Sat | 13 Mar 2010 | 20:30 |
| Fri | 12 Mar 2010 | 20:30 |
| Thu | 11 Mar 2010 | 20:30 |
| Wed | 10 Mar 2010 | 20:30 |
| Tue | 9 Mar 2010 | 20:30 |
Spill Michèle Turpel Text Jemp Schuster Regie Tania Golden Musek Paul Dahm, Erny Delosch Kostüm Cynthia Dumont Bühn Paul Biwer