KAZ AM SAK


KAZ AM SAK 1 - CRÉATION D'KënschtlerInne vu Maskénada, zesumme mat den Auteure vun Hydres Editions an de Prabbeli Wiltz lueden de Publikum op eng kulturell Rees op symbolesch, historesch an ongewéinlech Plaze ronderëm Wooltz an. D'Leit kafen, fir een Owend, d'Kaz am Sak, si wëssen net wou a wat se kucke ginn. 
Sprooch: LU/FR

D'KënschtlerInne vu Maskénada, zesumme mat den Auteure vun Hydres Editions an de Partner vum Weeltzer Prabbeli, lueden de Publikum op eng kulturell Rees op symbolesch, historesch an ongewéinlech Plaze an a ronderëm Wooltz an.
D'Leit kafen, fir een Owend, d'Kaz am Sak, si wëssen am viraus net wou a wat se kucke ginn.
Op Basis vun engem Text vun engem Auteur entsteet eng Créatioun ronderëm KënschtlerInnen aus ënnerschiddlechen Disciplinnen.
D'Platzen hunn d'Identitéit an d'Geschicht vu Wooltz a senger Regioun gepräägt. Béier, Lieder an Natur sinn nëmmen e puer Zutaten déi de KënschtlerInne Stoff gi fir hire Projet zesummenzespannen.
De Publikum wäert des Platzen, déi meeschtens net zougänglech sinn, an engem anere Liicht kenneléieren. Duerch de Storytelling vun den Auteuren an duerch de Bléck vun de KënschtlerInnen entsteet esou eng Ausernanersetzung mat kulturellem Patrimoine, Aarbechtswelt an och Zukunftsfroen iwwer d'Regioun. 

Sprooch: LU/FR

Vorstellungen

Sa 21 April 2018 15:30
Sa 21 April 2018 19:30

Veranstaltungsort

Divers Lieux au Luxembourg
BOITES POSTALES
L-2012 LUXEMBOURG
Luxembourg

Eintrittspreis

1.50 € Kulturpass
8.00 € reduzéiert
20.00 € normal

Kaz am Sak Visuell
Kaz am Sak Visuell