FENRIR, DE RISEWOLLEF


Kopla Bunz, Luxembourg (LU)
Koproduktioun / Première // Musek- an Danztheater


Wou eng al Këscht ufänkt e magesche Soundtrack ze spillen, tauchen d'Helden Ask an Embla an eng längst verluere Welt op. Si verwandelen sech a Risen, a Gëtter an a sougenannte Monsteren, léieren dës vu bannen eraus ze verstoen. Mä wat ass eigentlech e Monster? Ass een e Monster oder gëtt een zu engem Monster gemaach? Fantasie oder Weltusiicht? Op alle Fall näischt fir schwaach Nerven! Dës ural nordesch Saga vum Fenrir, dem berühmte Wollef, hannerfreet Konzepter wéi Schicksal, Schold an Onschold, an erënnert eis un d'zyklesch Kraaft vum Liewen.

Alter: 8+
Dauer: 50'
op Lëtzebuergesch

Eng Koproduktioun mam Kulturhaus Niederanven (Virstellungen vum 31.01 - 04.02.18, khn.lu), mam Trifolion (Virstellungen den 25 + 26.02.18, trifolion.lu), mam Centre culturel régional Prabbeli (Virstellungen den 05. - 06.03.18, cooperations.lu), mam CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbréck (Virstellungen den 18-19.03.18, cape.lu) a mam Centre culturel régional opderschmelz Diddeleng (Virstellungen den 14. - 15.10.18, opderschmelz.lu)

Vorstellungen

Do 25 Januar 2018 15:00
Sa 27 Januar 2018 11:00
Sa 27 Januar 2018 15:00

Veranstaltungsort

Rotondes
3 place des Rotondes
L-2448 LUXEMBOURG
Luxembourg

Tickets
Eintrittspreis

1.50 € Kulturpass
6.00 € -=26
12.00 € +26

Kontakt

tel: 0035226622030 (Tickets)
www: rotondes.lu/agenda/details/event/fenrir-de-risewollef/
email: info@rotondes.lu (Info)

Fenrir
Claudia Locherer