D'Kachboun


Während engem ganze Kalennerjoer setzen sech 3 Fraen mat Innovatioun an Traditioun an der Lëtzebuerger Kach- an Iesskultur auserneen. Hire Wonsch no enger Symbiose ass esou staark, datt si probéieren hir Iessmanéiere komplett ze änneren, op sëllech Duerffester ginn an esouguer bei enger Kachshow matmaachen.
Donieft gëtt d'So vun der Kachboun erzielt, enger mysteriéiser Boun, déi ee séier muss op de Buedem geheie wann een se gesäit, well soss...

D'Kachboun ass am Mäerz 2017 mat groussem Succès am Ale Stadhaus zu Déifferdeng kreéiert ginn. No Independent Little Luxembourg ass et déi zweet Kollektivkreatioun déi vun der jonker Schauspillerin Frédérique Colling fir Independent Little Lies realiséiert gouf. Independent Little Lies (ILL) ass en interdisziplinären Theaterkollektiv deen Theaterleit, Artisten, Pädagogen an Konschtintresséierter zesummebrengt. ILL Produktiounen a Kulturevents hunn zäitgenëssesch a sozial Themen, op véier verschiddene Sproochen. 1995 gegrënnt, ass ILL scho säit méi wéi 20 Joer e feste Bestanddeel vun der lëtzebuerger Kulturzeen a bitt jonken Artisten eng Plateform fir hir Projeten ze realiséieren. 

Vun a mam: Frédérique Colling, Catherine Elsen, Rosalie Maes
Bühnebild: Kim Clement
Luuchtekreatioun: Dominik Dusek
Kostümer: Natercia Rebelo
Œil extérieur: Linda Bonvini
Produktioun: Independant Little Lies - ILL
Koproduktioun: Alt Stadhaus Déifferdeng, Schungfabrik Téiteng
Mat der Ënnerstetzung vun: Ministère de la Culture, Fonds Culturel National, Fondation Indépendance

Vorstellungen

Fr 09 März 2018 20:00
So 11 März 2018 17:00

Veranstaltungsort

Kulturhaus Niederanven
145 ROUTE DE TREVES
L-6940 NIEDERANVEN
Luxembourg

Tickets
zoom
zoom
©Bohumil Kostohryz
©Bohumil Kostohryz
©Bohumil Kostohryz
©Bohumil Kostohryz
©Bohumil Kostohryz
©Bohumil Kostohryz
©Bohumil Kostohryz
©Bohumil Kostohryz
©Bohumil Kostohryz
©Bohumil Kostohryz
©Bohumil Kostohryz
©Bohumil Kostohryz
©Bohumil Kostohryz
©Bohumil Kostohryz