Escher Meedchen


Produktioun : Theater Esch
Mandy Thiery


"D'Mam huet dat eenzegt richteg gemaach : Se huet eis "Paus" bäibruecht. Dat, wat se selwer am Beschten konnt. Bevier een mat den Wierder ronderëm hantéiert, muss een d'Paus beherrschen. Den Silence. Dee gehéiert beim Schwätzen dozou. Den richtegen Moment näischt ze soen ass di essentiell Basis vum Schwätzen."

Wat awer geschitt, wann Paus ze grouss gëtt ? Wann den Silence onerdréiglech gëtt ? Wann
Wierder ufänken, an engem ze jäizen ?

D'Mona huet vu klengem un geléiert, dass Wierder wéidoen kennen an et besser ass,
den Mond ze halen. Aus Angscht, den aneren Leit wéizedoen, entscheet et sech dozou, seng
Paus ze verbesseren, andeems et Fëllwierder benotzt, laacht, Zigaretten ufänkt an Alkohol
konsuméiert.

Den Silence gëtt zu engem stännegen Begleeder an sengem Liewen. Allerdéngs huet et net
erwoard, dass sech all Wuert, dat net gesot gouf, an him hänken bleift an sech an all deenen Joren
alles an him opstaut.

Vu baussen dréit d'Paus d'Mona ze erdrécken an vun bannen bauen all di onausgeschwaten
Wierder Drock op, di gläich explodéieren. Lo muss et sech decidéieren : léist d'Mona sech vum
Silence erdrécken oder léist et all di Wierder fräi, di sengem Ëmfeld schueden ?

Regie : Rafael David Kohn
Bühnenbild : Jörg Brombacher
Mat : Brigitte Urhausen

Représentations

je 08 mars 2018 20:00
ve 09 mars 2018 20:00

Lieu

Théâtre Municipal de la ville d'Esch-sur-Alzette
122 rue de l'Alzette
L-4010 ESCH-SUR-ALZETTE
Luxembourg

Tickets
  • 08.03.2018 20:00 commander vente online à partir du 17/07/2017
  • 09.03.2018 20:00 commander vente online à partir du 17/07/2017
Prix d'entrée

8.00 € jeune CAT2
9.00 € jeune CAT1
14.00 € adulte CAT2
17.00 € adulte CAT1

Escher Meedchen
Escher Meedchen