Programme

< Back to overview

Oh du do uewen, deem seng Hand


Koproduktioun : Theater Esch, Kasemattentheater, Kinneksbond, CNL
Véier Eenakter vum Ian De Toffoli, Olivier Garofalo, Nico Helminger, Jeff Schinker


Oh du do uewen, deem seng Hand ass eng Zesummesetzung vu véier ganz ënnerschiddlechen Eenakter. Fir der Sprooch, der Stëmmung an der literarescher Form vun all Text gerecht ze ginn, sinn déi véier Stécker ob ganz verschidden Aart a Weisen inszenéiert. D'Schauspiller wiessele vun enger Roll an déi
aner a bidden eis duerch hiren dynameschen Ëmgang mat den Texter vill Iwwerraschungen.

Fir déi al Griiche war d'Erziele vun Heldegeschichten eng Aart a Weis fräi an dichteresch ob der Welt ze liewen. Dës Geschichte léieren de Mënsch, seng Stäerkten a Schwächten wouer ze huelen, a virun allem seng Limitten, déi hie vun de Gëtter ënnerscheeden. Duerch d'Erliewe vum Mythe gëtt de Mënsch eréischt Mënsch. D'Biller aus der griichescher Mythologie ginn zu Recht als Grondlag vun der europa?escher Kulturgeschicht ugesinn. Besonnesch spannend schéngt déi bleiwend Aktualitéit vun deenen ale Mythen, déi duerch e Prozess vu joerhonnertelaanger Transformatioun, eis haut gläichzäiteg friem a vertraut schéngen.

Véier Lëtzebuerger Schrëftsteller transposéieren, speziell fir dëse Projet, véier algriichesch Mythen an d'Lëtzebuerger Sprooch an erlaben eis
dës Erzielungen nei ze erliewen. Duerch dat villsäitegt Spill vun deene véier Schauspiller gëtt kloer, dass d'Mythen näischt vun hirer Faszinatioun a Relevanz agebéisst hunn : am Géigendeel !

Ödipus, Kinnek ? (Olivier Garofalo)
Medea (Ian De Toffoli)
Phedra Aricia (Nico Helminger)
Theseus (Jeff Schinker)

Regie :
Thierry Mousset
Dramaturgie :
Claire Wagener
Bühn & Kostüm :
Peggy Wurth
Beliichtung :
Pavla Beranova
Video Design :
Luboš Zbranek
Technesch Leedung :
Pascal Klein

Mat :
Eugénie Anselin, Nora Koenig,
Raoul Schlechter, Pitt Simon

Dates

We 31 January 2018 20:00
Th 01 February 2018 20:00

Venue

Théâtre Municipal de la ville d'Esch-sur-Alzette
122 rue de l'Alzette
L-4010 ESCH-SUR-ALZETTE
Luxembourg

Tickets
  • 31.01.2018 20:00 order now vente online à partir du 17/07/2017
  • 01.02.2018 20:00 order now vente online à partir du 17/07/2017
Entrance fee

8.00 € jeune CAT2
9.00 € jeune CAT1
14.00 € adulte CAT2
17.00 € adulte CAT1

Oh du do uewen, deem seng Hand
Oh du do uewen, deem seng Hand