***ANNULATION***Endlech Alaska!



Jay Schiltz


Mat dësem drëtten Deel schléisst de Jay Schiltz seng Alaska-Trilogie mam Monique a mam Marcel of. No den turbulenten éischte Jore vun hirer Pensioun (E Wäibierg an Alaska.) an dem Marcel sengem Ausflug an d'Politik (Wéi wäit nach bis Alaska ?), maachen déi zwee am leschten Deel elo de Bilan vun engem laangen a gemeinsame Liewen. Mee dat geschitt allerdéngs op eng Aart a Weis, déi op dëser Plaz net soll verrode ginn. Och am drëtten Deel sinn d'Monique an de Marcel, wéi ëmmer, fir eng Iwwerraschung gutt. Mat vill Witz a plazeweis schwaarzem Humor, awer och nodenklech, beschreift de Jay Schiltz eng Koppel, déi zu gudder Lescht mat deemjéinege konfrontéiert gëtt, deen op eis alleguer waart.

Regie :
Claude Mangen
Regieassistenz :
Cristina Kneip
Kostümer :
Sylvie Hamus
Technik :
Jaakes Hoffman, Charlel Stoltz

Mat :
Mady Dürrer, Marcel Heintz,
Monique Melsen

Représentations

sa 27 janvier 2018 20:00

Lieu

Théâtre Municipal de la ville d'Esch-sur-Alzette
122 rue de l'Alzette
L-4010 ESCH-SUR-ALZETTE
Luxembourg

Tickets
  • 27.01.2018 20:00 commander vente online à partir du 17/07/2017
Prix d'entrée

8.00 € jeune CAT2
9.00 € jeune CAT1
14.00 € adulte CAT2
17.00 € adulte CAT1

Endlich Alaska
Endlich Alaska