Den Théid gëtt al


Produktioun : DenTheater.lu
Raoul Biltgen


Den Théid gëtt al. An e gëtt zur Laascht fir d'ganz Famill. Bis den Théid enges Daags ophält mat schwätzen. Einfach esou. Ass en dement? Oder huet e soss eppes? Kee weess et. Mee et mécht déi ganz Saach net onbedéngt méi einfach. Op der anerer Säit: Et kann ee sech jo och eng Hëllef organiséieren. An do ginn et dach mat Sécherheet genuch jonk Fraen, déi grad als Flüchtling am Land sinn, déi sech iwwert e klengt Täschegeld freeën. Sou kënnt d'Afif an d'Haus. De Problem ass, datt hatt offensichtlech weder Franséisch, nach Däitsch oder Englesch, a scho guer kee Lëtzebuergesch schwätzt. Mee wann den Théid jo och näischt méi seet, dann trëfft sech dat dach perfekt.

Dat neit Koméidistéck vum Raoul Biltgen beschäftegt sech domadder, wéi mat de Leit ëmgaange gëtt, déi op Hëllef ugewise sinn, déi Al an déi Friem. An datt esou muenches, wat ënnert dem Deckmäntelche vun der Nächsteléift gesot gëtt, näischt aneschtes ass, wéi sech selwer d'Liewen esou einfach ewéi méiglech ze maachen. Do kann engem d'Laache scho mol am Hals stieche bleiwen. Mee wien als leschte laacht ...

Regie :
Claude Fritz
Dekoren :
Jeanny Kratochwil
Beliichtung :
Jang Krippler

Mat :
Rita Bento dos Reis,
Pierre Bodry,
Claude Fritz, Luc Lamesch,
Danielle Wenner

Vorstellungen

Di 23 Januar 2018 20:00

Veranstaltungsort

Théâtre Municipal de la ville d'Esch-sur-Alzette
122 rue de l'Alzette
L-4010 ESCH-SUR-ALZETTE
Luxembourg

Tickets
Eintrittspreis

8.00 € jeune CAT2
9.00 € jeune CAT1
14.00 € adulte CAT2
17.00 € adulte CAT1

Den Théid gëtt al
Den Théid gëtt al