Rumpelstilzchen


Koproduktioun : Les Théâtres de la Ville de Luxembourg, Théâtre d'Esch, CAPE
Ian De Toffoli, Bridder Grimm


Märercher rem nei opliewen ze loossen, a Lëtzebuerger Sprooch, dëst war, viru méi wéi 40 Joer, zu enger kuerzlieweger Traditioun ginn. Den Norbert Weber huet seng Stécker zwar "Soe" genannt, et waren awer de Rumpelstilzchen (1961), d'Rabonzel (1962) an d'Schnéiwittchen (1964), déi ënnert dem Eugène Heinen senger Direktioun op d'Bühn vum Groussen Theater bruecht gi sinn.

Am Zesummespill vun engem Auteur an engem Metteur en scène, an dësem Fall dem Ian De Toffoli an dem Myriam Muller, gëtt dës Traditioun elo erëm opgeholl an d'Fro vum Neischreiwe vun enger uraler Geschicht fir den haitegen Theater gëtt nach emol nei gestallt. Well näischt ass manner festgefruer ewéi e
Mäerchen oder e Mythos.

De Rumpelstilzchen ass zwar eent vun de bekannteste Märercher aus der Sammlung vun de Bridder Grimm, et ass awer och eent vun deene méi kuerzen, an deem Sënn datt, anescht wéi bei de grousse Geschichten, d'Figuren zwar
eng schnell faassbar archetypesch Funktioun hunn, mee relativ wéineg psychologesch Déift. De Kinnek ass giereg, d'Duechter en Opfer, de Rumpelstilzchen, déi iwwernatierlech Hëllef, déi als Echange fir en Déngscht der frësch gekréinter Kinnigin hiert eegent Blutt freet.

Oder ass dës Geschicht och emol anescht ze verstoen ?

An dëser Neischreiwung vun engem bekannte Märchen geet et also och ëm e Verstoen, ëm e Verdéiwe vu Motiver, déi mysteriéiser net kéinte sinn. Et geet drëms Erzielmuster ervirzehiewen - wat maache Muecht, Gier, Angscht, eleng sinn, mat engem ?

Regie :
Myriam Muller
Bühn :
Anouk Schiltz
Filmopnamen :
Christophe Wagner
Video :
Benoît Simon
Kostümer :
Caroline Koener
Musék :
Bernard Valléry
Luucht :
Philippe Lacombe
Regieassistenz :
Daliah Kentges

Mat :
Larisa Faber, Fabio Godinho,
Elisabet Johannesdottir,
Marco Lorenzini, Jean-Paul Maes,
Raoul Schlechter, Pitt Simon,
Brigitte Urhausen

Vorstellungen

Do 04 Januar 2018 20:00
Fr 05 Januar 2018 20:00

Veranstaltungsort

Théâtre Municipal de la ville d'Esch-sur-Alzette
122 rue de l'Alzette
L-4010 ESCH-SUR-ALZETTE
Luxembourg

Tickets
Eintrittspreis

5.00 € jeune CAT2
6.00 € jeune CAT1
10.00 € adulte CAT2
12.00 € adulte CAT1

Rumpelstilzchen
Rumpelstilzchen