Programme

< Back to overview

D'Glühschwéngchen


Koproduktioun : Independent Little Lies ? ILL, Kulturhaus Niederanven, CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, Theater Esch
Theaterstéck ab 6 Joer vum Luc Caregari an Nora Wagener


D'Glühschwéngchen hat ze laang ënnert der waarmer rouder Luucht geleeën a well et elo
ganz gliddeg ass, wëll kee mat him spillen. Wéi hatt héiert, datt et bei de Pinguinen ëmmer kal
ass, wëllt et bei déi goen. Ënnerwee begéint et ee Mann, deen zwar ausgesäit wéi e Pinguin an
him Hëllef versprécht, mä do erlieft hatt awer säi gréngt Wonner !

D'Glühschwéngchen ass eng lëtzebuergesch Kannergeschicht vum Nora Wagener a Luc
Caregari, illustréiert vum Carlo Schmitz.

D'Regisseurin Linda Bonvini an d'Schauspillerin Rosalie Maes hunn dës Geschicht fir d'Bühn
adaptéiert a sech fir e multidisziplinäert Konzept entscheet : Op der Bühn vermësche sech Schauspill, Projektiounen an d'Kläng vu verschiddene Saxophonen.

D'Glühschwéngchen ass dat éischt Stéck vun Independent Little Lies fir e jonke Public ab
6 Joer. ILL ass en interdisziplinären Theaterkollektiv deen 1995 gegrënnt gouf, sech mat
zäitgenësseschen a sozialen Themen ausenanersetzt a jonken Artisten eng Plattform gëtt fir hir
Projeten ze realiséieren.

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture

Regie :
Linda Bonvini
Adaptatioun :
Linda Bonvini a Rosalie Maes
Text :
Luc Caregari, Nora Wagener
Zeechnungen :
Carlo Schmitz
Kompositioun :
Jessica Quintus
Kreativ Mataarbecht :
Jacques Schiltz
Luuchtkreatioun :
Dominik Dusek

Mat :
Rosalie Maes
Saxophon :
Jessica Quintus

Dates

Su 10 December 2017 16:00

Venue

Théâtre Municipal de la ville d'Esch-sur-Alzette
122 rue de l'Alzette
L-4010 ESCH-SUR-ALZETTE
Luxembourg

Tickets
  • 10.12.2017 16:00 order now vente online à partir du 17/07/2017
Entrance fee

5.00 € jeune CAT2
6.00 € jeune CAT1
10.00 € adulte CAT2
12.00 € adulte CAT1

ILL_GlühschwéngchenCarlo_Schmitz
ILL_GlühschwéngchenCarlo_Schmitz