De Momo


De Momo lieft am Zirkus, dëst zesumme mat sengem Grousspapp Huberto, ee ganz renomméierte Clown. A senger Fräizäit leeft hien am léifsten tëschent de Karawane ronderëm a kuckt der Akrobatin Bettina no. Wann et no sengem Bopa geet, soll de Momo spéiderhin och emol Clown ginn, mee leider huet de Bouf d'Clowne guer net gären... Zum Gléck sinn d'Déieren aus dem Zirkus dem Momo seng Frënn. Si hëllefen him erauszefannen, wien hie wierklech ass a wou seng Plaz ënnert dem Zirkuszelt ass.
Bei dësem Spektakel, an deem sech Theater, Musek an d'Welt vun de Märecher vermëschen, handelt et sech ëm eng lëtzebuergesch Adaptatioun vum Stéck Momo (2002), kreéiert vum franséische Komponist Pascal Dusapin.

Spill/Erzielung: Jules Werner
Text: Leigh Sauerwein
Iwwersetzung: Nico Helminger
Musek: André Pons-Valdès (Gei), Ingrid Schoenlaub (Cello), Marcel Lallemang (Klarinett), Guy Frisch (Cymbalom), N.N. (Mandolin)
Kompositioun: Pascal Dusapin
Mise en scène: Lionel Ménard
Koproduktioun: United Instruments of Lucilin, CAPE - Centre des Arts Pluriel Ettelbruck, Rotondes, Théâtre d'Esch, KHN

Vorstellungen

Do 01 März 2018 17:00

Veranstaltungsort

Kulturhaus Niederanven
145 ROUTE DE TREVES
L-6940 NIEDERANVEN
Luxembourg

Tickets
De Momo
De Momo
De Momo
De Momo
De Momo / Lucilin
De Momo / Lucilin