Pascal Dusapin - De Momo (COMPLET / SOLD OUT)


THÉÂTRE, MUSIQUE & CONTE
THEATER, MUSIK & MÄRCHEN


United Instruments of Lucilin

Leigh Sauerwein, Texter. Nico Helminger, Iwwersetzung. Lionel Ménard,
Regie. Vanessa Vérillon, Bühnebild. Marievic, Video'en. Pascal Laajili, Luucht. Max Flierl, Accessoiren. 

United Instruments of LUCILIN
André Pons-Valdès, Gei. Ingrid Schoenlaub, Cello. Marcel Lallemang, Klarinett. Guy Frisch, Perkussioun. Stéphanie Junio, Gittar a Mandolinn.

Jules Werner, Erzieler, Acteur. Maria del Pilar Blanco Iglesias, Kächin.

De Momo lieft am Zirkus, dëst zesumme mat sengem Grousspapp Huberto, ee ganz renomméierte Clown. A senger Fräizäit leeft hien am léifsten tëschent de Karawane ronderëm a kuckt der Akrobatin Bettina no. Wann et no sengem Bopa geet, soll de Momo spéiderhin och emol Clown ginn, mee leider huet de Bouf d'Clowne guer net gären...

Zum Gléck sinn d'Déieren aus dem Zirkus dem Momo seng Frënn. Si hëllefen him erauszefannen, wien hie wierklech ass a wou seng Plaz ënnert dem Zirkuszelt ass. Bei dësem Spektakel, an deem sech Theater, Musek an d'Welt vun de Märecher vermëschen, handelt et sech ëm eng lëtzebuergesch Adaptatioun vum Stéck Momo (2002), kreéiert vum franséische Komponist Pascal Dusapin.

Eng Produktioun vun United Instruments of Lucilin a Koproduktioun mam CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, dem Théâtre d'Esch an dem Kulturhaus Niederanven, mat der Ennerstetzung vun der Fondation Indépendance.

Vorstellungen

So 07 Januar 2018 11:00 Première
So 07 Januar 2018 16:00

Veranstaltungsort

CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
1 place Marie-Adélaïde
L-9063 ETTELBRUCK
Luxembourg

Eintrittspreis

1.50 € Kulturpass
6.00 € Tarif jeunes
12.00 € Tarif normal

De Momo
Julien Becker
Slide Lucilin at Casino 2016
Julien Becker
DE MOMO_Jules Werner 2 (c) Julien Becker
Julien Becker