FR DE EN

ASPRO

D’asbl ASPRO gouf gegrënnt fir déi professionnell Theaterkënschtler zesummenzebréngen an ze representéiren. De But vun dëser Associatioun besteet doran, de Kontakt an den Austausch tëscht senge Memberen ze assuréiren, hir Aarbechtsconditiounen ze verbesseren a sech fir hir Rechter um Aarbechtsmaart anzesetzen. D’Associatioun besteet aus aktive Memberen, déi haaptberufflech am Beräich vum «Spectacle vivant»  schaffen, sief dëst op oder hannert der Bühn.