Go to content

Theater Federatioun

logo
frdeen

Theatre

MASKéNADA

NIPPLE JESUS

Nick Hornby 

"Nipple Jesus" ass eng vu ville Kuerzgeschichten, mat deenen de Schrëftsteller a Popkritiker Nick Hornby international vill Erfolleg huet. MASKéNADA huet doraus en Theaterstéck fir eng Persoun gemaach, op lëtzebuergesch, mam Serge Tonnar an der Solo-Roll, ënnert der Leedung vum Marion Rothhaar. An an der Iwwersetzung vum Jean-Michel Treinen gëtt eppes direkt klor: "Nipple Jesus" ass en Text, dee wéi d'Fauscht op d'An op d'Verhältnis vun de Lëtzebuerger zur Konscht passt. Et geet em den Dave, e Rausschmeisser an enger Disco, deen ob eemol Gardien an enger Konschtgalerie gëtt. Em seng Relatioun zu engem Bild, em d'Gedanken déi e sech driwwer mécht, an em d'Reaktioune vun de Leit op d'Bild. Well "Nipple Jesus" ass e richtegt "Skandalbild", an d'Evenementer ronderem sinn dramatesch.

Den Nick Hornby denkt wéi e Philosoph a schreiwt héich Konschtphilosophie an der Sprooch vun engem englesche Skinhead. "Nipple Jesus" ass gläichzäiteg philosophesch, romantesch, a virun allem… onwahrscheinlech komesch.

 

Autres représentations:

Galerie Nosbaum & Reding (Lëtzebuerg)
25.6 (19h00) , 26.6 (19h00) , 27.6 (16h00)
9.7 (19h00) , 10.7 (19h00) , 11.7 (16h00)

http://www.theater.lu/theatre/nipple-jesus

Centre d'art Dominique Lang (Diddeleng)
2.7 (20h00) , 3.7 (20h00) , 4.7 (16h00)

http://www.theater.lu/theatre/nipple-jesus-galerie-lang

Réservations

T (352) 27 48 93 82
@ info@maskenada.lu
www.maskenada.lu

Lieu

Galerie Prabbeli
8, rue de la montagne
L-9538 Wiltz
T (352) 95 92 051
F (352) 95 92 05 45
info@cooperations.lu
www.prabbeli.lu

Représentations
Fri 16 Jul 2010 20:00
Sat 17 Jul 2010 20:00
Sun 18 Jul 2010 16:00
Distribution

Mise en scène Marion Rothhaar Traduction Jean-Michel Treinen Avec Serge Tonnar Décor Michel Feinen Production MASKéNADA a.s.b.l.