CAPe
Dicks
Opéra du Trottoir
Den 11. November 1855 fir d’éischt zu Lëtzebuerg opgeféiert ass „D’Mumm Seiss“ vum Dicks (Edmond de la Fontaine) nët nëmmen eng phantastesch Etude vun der deemoleger Gesellschaft, mee d’Beschreiwunge vun den typesch lëtzebuerger Charaktereegeschafte stëmme bis haut. D’Stéck spillt am Joer 1750 zu Clausen, zu enger Zäit wou déi Éisterräichesch Niederlanden – zu deene Lëtzebuerg deemols gehéiert huet – vun den Éisterräicher besat woren. D’Mumm Séiss, eng gottgleeweg, ängschtlech Fra aus Clausen, erzitt, nieft hirem schwéiere Beruff als Wäschfra, och nach hir jonk Niess d’Kätti. Ee landbekannten „Hobby-Exorzist“, den Hexentommes, probéiert déi al Fra duerch Hokuspokus a Geeschterbeschwierungen derzou ze bréngen, sech mat him ze bestueden, fir op déi Manéier un hiert Verméigen ze kommen. De Noper Sprochmates, den ufanks nach un der Intrige bedeelegt war, wiesselt am Laf vum Owend d’Säit. Ënner der Mathëllef vun der jonker Koppel, dem Kätti an dem Péiter, leet de Sprochmates um Enn dem Scharlatan Hexentommes d’Handwierk.
„Ech sinn e groussen Hexemeeschter“, „Du brauchs mer näischt ze schwieren“, an „Et wor emol ee Kanonéier“ sinn déi wuel bekannste Stécker vun onsem Musiktheater.
Sprooch: LU
T (352) 26 81 21 304
@ billetterie@cape.lu
www.cape.lu
www.luxembourgticket.lu
Centre des Arts Pluriels d’Ettelbruck (CAPe)
1, place Marie-Adélaïde
L-9063 Ettelbruck
B.P. 159, L-9002 Ettelbruck
Luxembourg
T (352) 26 81 211
F (352) 26 81 21 301
mail@cape.lu
www.cape.lu
| Wed | 6 Oct 2010 | 20:00 |
Plein tarif: Entrée libre
Tarif réduit: Entrée libre
Gesamtleedung & Regie Carlo Hartmann Kostümer, musikalesch Astudéirung & Arrangementer Yannchen Hoffmann Regieassistenz Ely Bernard Mam Carlo Hartmann, Yannchen Hoffmann, Annette Schlechter, Mady Weber, Al Ginter a.v.a.