19. STENGEFORTER THEATERFESTIVAL
Jay Schiltz
Wat as den Ënnerscheed tëscht engem Aston Martin an engem normalen Auto, den Ënnerscheed tëscht enger Rees an Alaska an enger zu sech selwer, wat as den Ënnerscheed tëscht engem Haus mat Wäibierg an der Provence an engem Gaardenhaischen, wat bal zesumme fällt, wat as den Ënnerscheed tëscht engem schlechte Bild an engem geklaute Chrëschtbeemchen ouni Bullen, mee just mat e puer klenge Liichtercher drun?
Wéini hält een Dram op, een Dram ze sinn, well en einfach ze grouss gëtt a net méi derwäert as, gedreemt ze ginn a firwat mécht et kee Sënn, Plättercher ronderëm ee Swimmingpool ze leeën, wann een d’Pensioun huet, an een d’Drauwen kann kafe goen, amplaz se selwer ze ziichten.
T (352) 47 08 951 (Luxembourgticket)
F (352) 47 08 95 95
@ ticketlu@pt.lu
www.luxembourgticket.lu
Musekssall Klengbetten
http://steinfort.lu/
| Sat | 7 Aug 2010 | 20:30 |
| Fri | 6 Aug 2010 | 20:30 |
| Thu | 5 Aug 2010 | 20:30 |
| Tue | 3 Aug 2010 | 20:30 |
| Thu | 29 Jul 2010 | 20:30 |
| Mon | 26 Jul 2010 | 20:30 |
| Fri | 23 Jul 2010 | 20:30 |
| Mon | 19 Jul 2010 | 20:20 |
| Thu | 15 Jul 2010 | 20:30 |
Full price: Entrée libre
Reduced price: Entrée libre
Et spillen Jean-Marc Calderoni, Mady Durrer Regie Nathalie Ronvaux Dekor & Kostümer Anouk Schiltz Dramaturgie Marc Rettel Eng Produktion vun der Stengeforter Gemeng