Cube 521
Claude Magnier
En turbulent Boulevard-Stéck an d'Lëtzebuergescht iwwerdroën vum Romain Pierrot
Beim "Oscar" handelt ët sech ëm ee vun de gréisssten franséischen Vaudeville-Succèsën iwwerhapt. An de 70er Joeren huet kee Gerëngeren wéi de franséischen Superstar Louis de Funès an der Haaptroll vum duerchgeknallten Fabrikdirektor weltwäit ofgeraumt.
Ëm wat geet ët?
Nun, e räiche Fabrikant gëtt enges Mueres gewuer, dass säin Employé a riets Hand sech soll a säi Meedchen verkuckt an him bei däer Geléenheet och nach annerhallef Millioun Euro ofgeknäppt hun. Nëtt genuch domat, kënnegt och nach d’Dingschtmeedchen, wat beim Fortgoën seng eejhe Mapp mat däer mat de geklaute Souën verwiesselt, déi den Employé wollt zréckgin wëll séng Flam angeblech schwanger as, an domader wäer de bedauernswerte Fabrikant nëtt nëmme säi Geld, mä och nach säi Meedche lass - a propos, wat heescht hei "säi" Meedchen - wann hien näischt ënnerhëllt.
T (352) 52 15 21
F (352) 52 15 29
@ info@cube521.lu
www.cube521.lu
Cube 521
1-3, Driicht
L-9764 Marnach
Luxembourg
T (352) 521 521
F (352) 521 529
info@cube521.lu
www.cube521.lu
| Sat | 16 Oct 2010 | 20:00 |
Normalpreis: Entrée libre
Ermässigter Preis: Entrée libre
Regie Jean-Marc Calderoni Et spillen Marcel Heintz, Josée Scheuren, Gaby Calderoni, Romain Graul, Patricia Breuer, Jules Orlando, Sonja Schanen, Muriel Galeazzi, Roland Flenghi