Mierscher Kulturhaus
Kabarettistesch Retrospektiv vum Pol Pütz, dentheater.lu
De Pol Pütz ass well iwwer 40 Joer am Lëtzebuerger Literaturbetrib doheem. Hien huet besonnesch fir Revue a Cabaret geschriwwen. Vill vu senge Gedichter goufe vertount an eng etlech vu senge Lidder goufe ganz populär („O du léif kleng Zigarett“, „Déi kleng Chamber“, „Den Driibsert“ ...). Hien huet och den Text vum éischte Lëtzebuerger Musical „Hopp Marjänn“ geschriwwen, (Musek Pierre Nimax), dat am Joër 1980 am Groussen Theater ënnert de Regie vum Claude Fritz a mam Lëtzebuerger Theater iwwert d’Brieder goung. De 17te März 2010 war am Kapuzinertheater d’Première vu senger Farce „De Fatzert“, déi den Ensembel „DenTheater.lu“ 13 mol mat groussem Succès gespillt huet.
„DenTheater.lu“ bréngt Iech matt desem Steck eng Selektioun vum Pol Pütz senge beschten Texter. Et ass eng Retrospektiv vu 40 Joer Schaffen.
T (352) 47 08 951
F (352) 47 08 95 95
@ ticketlu@pt.lu
www.luxembourgticket.lu
Mierscher Kulturhaus
53, rue Grande-Duchesse Charlotte
L-7520 Mersch
Luxembourg
T (352) 26 32 431
F (352) 26 32 10 55
info@kulturhaus.lu
www.kulturhaus.lu
| Fri | 29 Oct 2010 | 20:00 |
| Sat | 30 Oct 2010 | 20:00 |
Normalpreis: 17€
Ermässigter Preis: 8€
Texter, Gedichter, Lidder & Sketscher Pol Pütz Regie Claude Fritz Musik Pol Dahm Et spillen a sangen Sonja Neuman, Danielle Wenner, Claude Fritz, Rol Girres a Georges Neuen