Go to content

Theater Federatioun

logo
frdeen

Festival

ACT-IN (19. STENGEFORTER THEATERFESTIVAL)

DEN HÄR

Josy Braun

An engem klengen Duerf si glunge Saache geschitt. E jonkt Meedchen huet sech d'Liewe geholl. Rumeure soen, well hatt vum Paschtouer an aneren Emstänn gewiirscht wiir. De Paschtouer ass dorop fort komm, duerch en aneren ersaat ginn. Hie war beléift, een aus der Géigend, d'Leit wëllen net iwwert dat Theam schwetzen.

Dee jonke Journalist Fred Hermes schafft an der Staadt fir eng Zeitung. Hie staamt aus deem Duerf, huet dat Meedche gutt kannt, wéi hien d'Leit all aus dësem Duerf kennt. Wou hie vun deem Fall héiert, wëll hien der Saach op de Grond goen, stéisst awer am Duerf nëmmen op Widderstand. D'Leit wëlle mat Rou gelooss ginn, näischt un d'grouss Klack gehaange kréien. De Mathis Hermes, dem Fred säi Papp, färt d'ëffentlech Meenung am Duerf an datt hien, duerch d'Recherchen vu séngem Fiss, aus der verschwuerener Duerfgesellschaft ausgeschloss kéint ginn. Esouguer de Schoulmeeschter Klein, de Papp vun deem Meedchen, ass net bereet dem Fred eppes méi Geneeës ze verzielen. Si sinn all frëndlech, wa si dem Fred, deen et jo als Journalist (en Duerfjong, ee vun hinnen) bei der Zetung zu enger gewëssener Berühmtheet bruecht huet, begéinen. Mee, datt grad ee vun hinnen elo d'Nascht verknaschte wëll, dat kënne si net akzeptéieren. Et gëtt alles ënnert der Hand gehaalen, wat den Här, dee jo elo och net méi do ass, betrëfft. Hien huet sech, wéi de Fred sëcher weess, net nëmmen u jonke Meedercher vergraff, mee och un de Massendénger. Kee seet eppes, et gëtt ee vu kengem eppes gewuer.

Deen neien, vum Bistum an d'Duerf geschécktenen Här Anton, erkennt de Fred direkt als geféierleche Feind, hëllt awer d'Gespéich mat him op.

De Josy Braun, deen aus enger klenger Duerfgemeng staamt, huet dat Stéck no enger wouerer Geschicht an de 70er Joeren geschriwwen. Deemols ass et och uropgefouert ginn an huet dem Auteur vill béis Remarken vun enger gewëssener Säit abruecht, hien als „Pafefrësser“ duergesallt. D'Zäit vun de 70er Joeren war (nach) eng ongënschteg fir dat doten Thema. Elo weess dee leschten am Land, an der Welt, datt esou Geschichten leider de Wourechten entspriechen. De Klerus, och zu Lëtzebuerg, huet am Laf vun de Joeren, all Kéier wann dee Problem sech an hiire Reië gewisen huet, de Mantel driwwer gehaalen a mat alle Mëttelen an och deem néidegen Erfolleg, alles vertuscht. De Paschtouer ass fort komm, an ë Klouschter oder eng aner Par an domat war d'Saach aus der Welt.

An engem besonneg emouwanten a meeschterhaft geschriwwenem Dialog tëschd dem Fred Hermes an deem neien Här geet de Josy Baun op dat leidegt Thema Zölibat an. Et gëtt keng aner Plaatz an der lëtzebuerger Literatur, wou sou profund an nohalteg sech mat där Problematik, déi eng ganz grouss a vun der Kiirch ëmmer neess falsch duergestallten ass, befaasst gëtt.

D'Eva Paulin huet d'Stéck an eng nei Form bruecht, déi der medialer Entwécklung vun haut Rehnung dréit an domat engem neie Publikum dës Brisanz méi no bréngt.

No deem, wat een an deene leschte Méint huet missten gewuer ginn – ass et iwwerfälleg "Den Här" vum Josy Braun neess opzeféieren – dës Kéier, wéi mir hoffen, an engem vill méi objektiven, a manner polariséiertem Klima, wéi dat nach an den 70er Joeren de Fall wor.

Photo: Anne Weyer

Réservations

T (352) 47 08 951 (Luxembourgticket)
F (352) 47 08 95 95
@ ticketlu@pt.lu
www.luxembourgticket.lu

Lieu

Al Schmelz Stengefort

http://steinfort.lu

Représentations
Wed 4 Aug 2010 20:30
Mon 2 Aug 2010 20:30
Fri 30 Jul 2010 20:30
Wed 28 Jul 2010 20:30
Tue 27 Jul 2010 20:30
Thu 22 Jul 2010 20:30
Wed 21 Jul 2010 20:30
Tue 20 Jul 2010 20:30
Fri 16 Jul 2010 20:30
Tue 13 Jul 2010 20:30
Distribution

Inszenéierung Eva Paulin Musék Gabriel Thibaudeau Assistenz Silvia Brescia Et spillen Marc Baum, Jean-Paul Maes, Nicole Max, Jean-Paul Raths, Raoul Biltgen, Raoul Schlechter, Rosalie Maes a.a.